TERRASSEBOTZ
DIR LEIERT
ÄR TERRASSE
NEI KENNEN.
OFFER UFROEN

Professionell Terrassebotz an Haffbotz zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun Tréier & Bitburg.

Effektiv Botz vu Steeterrass, Holzterrass, Haff an aner Surfacen dobaussen.

Fillt dir Iech bei engem Bléck op Är Terrass net méi wuel? Oder ass Är Afaart knaschteg? TAFF botzt Terrassen, Plaquen an Afaarten, inclusiv Fëlle vun de Fouen. Holzterrasse gi grëndlech gebotzt an op Wonsch geuelegt. D‘Botzprofien vun TAFF wëssen déi bescht Léisung fir Är Terrass oder Äre Pawee.

Frot nach haut no Ärer Offer. Den nächste Summer kënnt. Garantéiert!

OFFER UFROEN
ÄR VIRDEELER:
  • BOTZT MEESCHTENS JUST AN ENGEM DAACH
  • MANNER ONKRAUT
  • KNASCHT, ALEN LACK AN ALGEN SINN FORT (HOLZ)
  • ENTGROOEN WANN GEWËNSCHT (HOLZ)
  • INKLUSIVE UELEG ( HOLZTERRASSE, WANN MÉIGLECH)
  • ENDLECH ERËM WUELFILLEN

IWWERZEEGT IECH SELWER VUN DER TAFF TERRASSEBOTZ AN HAFFBOTZ

Botz vun Haffsurface a Steenterrassen

No enger TAFF Botz gesäit Är Steeterrass, Ären Haff oder Äre Pawee bal aus wéi um Ufank.

Dir wäert begeeschtert sinn.

vorhernachher
Steeterrassebotz in Goesdorf
vorhernachher
Holzterrassebotz zu Frisange

ÄR HOLZTERRASSE ASS RËM PROPPER AN FRËSCH

Botz vun Holzsurfacen dobaussen

Eng intensiv a schounend Botz vun Holzuewerflächen dobausse mat speziellem Botzmëttel. Är Holzplanche gesinn erëm aus wéi nei! Dir wäert begeeschtert sinn.

FIRWAT TAFF TERRASSEBOTZ?
DOMAT DIR ÄR FRÄIZÄIT OP DER PROPPERER TERRASSE GENÉISSE KENNT.

An 3 Schrëtt zum proppere Steenbuedem

1. BOTZ VUN STEENPLAQUE

Haff a Steenbuedem ronderëm Haus gi mat 100 Grad waarme Waasser gebotzt. Dreck gëtt an d‘TAFF Auto gepompelt a vun TAFF entsuergt. Dat knaschtegt Waasser gëtt an de Kanal drainéiert.

2. OPDROEN VUN DER MINERALPROTEKTIOUN

Uschléissend sprëtze mir eng mineralesch Protektioun [TAFF PROTECT] op déi propper Terrass, domat Dir méi laang Freed dorun hutt.

3. ZOUMAACHE VUN DE FOUEN.

Méi spéit streeën mir Sand [TAFF FILL] oder nach besser déi Waasser duerchlässeg Optioun [TAFF GAP] an déi eidel Fouen. Steeterrass oder Afaart – d‘Resultat kann sech gesi loossen. Steenterrasse oder Afaart - Resultat kann sech gesinn loossen.

TAFF hëlt just déi bescht Botzmëttelen fir Äert Doheem.
ouni chemesch Zousätz déi net néideg sinn.

Mir suergen dofir, dat Är Liblingsplaz an der Sonn erëm propper gëtt - a bleift.

An 2 Schrëtt zum proppere Holzbuedem

1. BOTZ VUN DER HOLZTERRASSE

Botztechniker vun TAFF huelen e speziell Terrassemëttel, dat fir eng intensiv a schounend Botz vun Holzsurfacen dobaussen entwéckelt gouf. Haartnäckege Knascht, ale Lack an Alge ginn eliminéiert. Dei gro Faarwen verschwannen, wa gewënscht.

2. UELEGEN

Di propper Holzsurface gi geuelegt. Dono gesäit Terrasse rëm aus wei nei an ass fit fir Zukunft.

HAFFBOTZ ODER TERRASSEBOTZ.
TAFF GARANTEIERT EEN PROPPERT RESULTAT.
MAT BAFF EFFEKT.

virdrun
duerno
, zu Ettelbréck
virdrun
duerno
virdrun
duerno
WEIDER REFERENZE KUCKEN
Marcel Czeschka - Verkauf & Reinigungstechniker TAFF
Marcel Czeschka -
Verkauf & Reinigungstechniker TAFF

WAT KANN TAFF
FIR IECH MAACHEN?

Huelt Iech haut nach
Äre Rendez-vous!

Kontakt ophuelen

EIS VERSPRIECHEN

Pünktlich

Mir respektéieren Är wäertvoll Zäiten an halen RDV an.

Sécher

Den diskreten Ëmgang mat Ärem Haus a Besetz steet bei eis un éischter Stell.

Menschen & Material

All TAFF Mataarbechter si frëndlech a gutt ausgebilt. Maschinnen a Vehikele sinn op dem neiste Stand vun der Technik.

Ëmweltschutz

Deen schounenden Ëmgang mat knappe Ressourcen inklusive Recycling wei de spuersamen Asaz vu Botzmëttel a Fassade Protektioun sinn eis ganz wichteg.

Diskretioun

Dir kënnt Iech drop verloossen, dass mir oppassen an esou onopfälleg, ewéi nëmme méiglech, schaffe wäerten.

HYGIENE

Propper ass eise Metier. Mir ënnersträichen dat mat eise mobillen Toiletten an anhale vun allen Hygiène Virschrëften.

Dat soen eis

begeeschterte Clienten

“Propper Aarbecht gemaach. Merci."

Client vu Rodange

“Ech wëllt, mir hätten nach méi sou Betriber wéi ären an eisem Land! Professonell! BRAVO!"

Client vun Hesper

“Mier si méi wéi zefridden mat den Aarbechten an dem Ausgesi vun der Trap an der Afahrt. Hoffentlech bleiwt et eng Zäit esou."

Client vu Leudelange

“Super Service a fein a kompetent Personal."

Client vu Berbuerg

“Mir si ganz zefridden. Frëndlech, kompetent Mataarbechter. Héich recommandéiert!"

Client vu Steesel

“Eng Firma, déi hällt waat se versprécht!"

Client aus Osper

“Ganz gudd Aarbecht - Personal frëndlech. Macht weider esou. Vill Chance!"

Client aus Wolwen

“D 'Copropriétairen si ganz zefridden mat ärer Aarbecht! 😊"

Client aus Hueschtert

"Ech freeë mech all Dag dat meng Terrass an de Wee sou schéi goufen! Villmols merci."

Client vu Lëtzebuerg

NACH NET IWWERZEEGT?

Kuckt Iech den aktuelle Folder vum LUXEMBURGER WORT oder déi aktuell TAFF Broschür un. Gäre schécke mir Iech e gedréckten Exemplaire zou!

BROSCHÜR UFROEN

Dei aktuell TAFF Publikatioun

Dei aktuell TAFF Publikatioun

Oft gestëllten Froen (FAQ's)

Wéi laang hält eng Steeterrassebotz?

Mat der TAFF Steenterrassebotz gëtt e spezielle Laangzäitschutz ugewannt, deen e proppert Resultat fir eng laang Zäit garantéiert.

Wéi laang dauert d'Steeterrassebotz?

Eng TAFF Steeterrassebotz gëtt normalerweis an nëmmen engem Dag realiséiert. En TAFF Botzspezialist kann Iech gären déi erwaart Botzzäit op der Plaz soen. Schreift eis eng Mail op info@taff.lu oder rufft eis un um +352 283 862-62. Mir besichen Iech!

Kann een net mat enger Botzmaschinn mat Héichdrock selwer botzen?

Mat engem “Kärcher” kritt Dir en iwwerflächlech uerdentlecht Resultat. Et ginn awer kleng Macken um Steen, wou sech Algen a Moos neesganz séier bilde kënnen. De Steebuedem gëtt erëm séier dreckeg a muss vill méi dacks gebotzt ginn. D’Apparater vun der TAFF Steeterrassebotz schaffe mat nidderegem Drock, de Buedem gëtt vill manner blesséiert. En Topresultat fir eng laang Zäit duerch den zousätzlechen Asatz vum TAFF Laangzäitschutz.

Wéivill muss ech an d'Fassadebotz investéieren?

Eng Fassadebotz vun TAFF ass vill méi bëlleg wéi en neien Ustrach. Déi genee Käschte hänke vu verschiddene Faktoren of, wéi d’Zuel vun de Quadratmeter, de Verschmotzungsgrad, de Besoin fir e Lift, asw. Mir géifen gären d’Fassad(en) op der Plaz kucken an Iech eis bescht Offer fir eng TAFF Fassadebotz maachen. Schreift eis eng Mail op info@taff.lu oder rufft eis un um +352 283 862-62. Mir freeën eis op Iech!

Schéckt eis
Är Ufro!

Mir wieren frou Iech ze begeeschteren!

TAFF S.à r.l. by WANDWERK
6, rue des Promenades
L-6314 Beaufort
E-Mail: info@taff.lu
Tel.: +352 283 862-62

Büroszäiten:
méindes - freides 7 - 18 Auer
samschdes no Arrangement

Google reCaptcha: Invalid site key.

ELO
GEWERBLECH ODER
ALS ENG GEMENG

Kontakt ophuelen

SCHÉCKT EIS

ÄR UFRO

ELO

BROSCHÜR

UFROEN

100% gratis an onverbindlech.

ELO

GRATIS TESTFLÄCH

UFROEN

100% gratis an onverbindlech.