FASSADEBOTZ
ÄERT HAUS.
WÉI NEI.
OUNI STEE.
GRATIS TESTSURFACE UFROEN

Äre professionelle Botzservice zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun Tréier, Saarburg & Bitburg.

TAFF Fassadebotz erhéicht de Wäert vun Ärer Immobilie an Äerem perséinleche Wuelbefanne nëmme mat enger Botz.

Een deieren neien Ustrach an d‘Opriichte vun enger Stee gëtt gespuert! Léiert Äert Haus no eiser professioneller Fassadebotz nei kennen! Dir wäert am léifsten nach eng Kéier nei anzéien. Maacht nach haut e Rendezvous fir eng gratis Testsurface bei Iech doheem. 100 % gratis an onverbindlech. Dir wäert grouss Ae maachen. An Ären Noper eréischt ... garantéiert!

GRATIS TESTSURFACE UFROEN
ÄR VIRDEELER:
  • 100 % GRATIS TESTSURFACE
  • VILL MÉI BËLLEG WÉI EN NEIEN USTRACH
  • KENG STEE NÉIDEG
  • MEESCHTENS PROPPER A JUST ENGEM DAACH
  • BIS ZU 15 % MEI SUE FIR ÄR IMMOBILIE
  • ENDLECH ERËM WUELFILLEN

IWWERZEEGT IECH SELWER

Professionell Botz vun Hausfassaden.
Ob Eefamilljenhaus oder grousse Komplex.
Vill méi bëlleg wéi en neien Ustrach.

Bei der TAFF Fassadebotz ginn organesch Verschmotzungen, Pilzen an Alge grëndlech eliminéiert. Duerno gëtt Är Fassade mat engem luese Waasserstral bei nidderegem Drock ofgespullt. Ofschléissend gëtt op déi gebotzt Fassade eng Fassade Protektioun opbruecht - fir vill Joer Freed. An dat bei vergläichbarer Qualitéit vill méi bëlleg, ökologesch a méi schnell wei en neien Ustrach.

vorhernachher
Fassadebotz zu Keespelt
Garantie bei privat genotzten een an zweefamilien Heiser

5 Joer Garantie géint neie Knascht.
Sécherheet ouni Zousazkäschten!

FIRWAT TAFF FASSADEBOTZ?
DOMAT DIR IECH DEN USTRACH SPUERE KENNT!

Propper ouni Farw!

Iergert Iech och, dat Algen an Dreck Äert Haus knaschteg maachen, awer dir wësst net wat Dir mache kënnt? Gären iwwerzeege mir Iech vun der TAFF Fassadebotz! Bei eis sidd Dir a gudden Hänn! Är Fassad gëtt a kuerzer Zäit gebotzt. OUNI opwendeg Stee oder deier Faarw. D‘Resultat wäert Iech erstaunen!

Lues an effektiv!

Dat TAFF Fassadebotzmettel eliminéiert op schounend Aart a Weis Schmotz, Pilzen an Algen. Doropshi gëtt Är Fassade mat engem Waasserstral mat wéineg Drock gespullt. Ofschléissend gëtt op déi gebotzt Fassade eng Fassade Protektioun opbruecht.

TAFF Fassadebotz suergt fir ee propperen Oflaf.
Fir Iech - an d'Waasser.

1. OPDROE VUM BOTZMËTTEL

Virdiecht gëtt um Buedem en Hightech-Opfangsystem installéiert, domat Dreckwaasser opgefaange gi kann an net kann an de Buedem zéien. Doropshi gëtt d‘Fassad mam [TAFF STAR] oder mat dem [TAFF ACTION] besprëtzt, wat méi wéi 10 Joer erfollegräich erprouft ass.

2. DOUCE WÄSCH MAT RECYCLING

Är Fassad gëtt mat ca. 60 Grad waarmen, opbereetem Waasser aus dem Serviceauto mat Nidderdrock grëndlech gewäsch. Se gesäit lo nees aus wéi nei.

3. UWENDUNG VUM LAANGZÄITSCHUTZ

Fir Fassade widderstandsfäeger géint neien Dreck, Algen, Champignonen a Moos ze maachen, gëtt de spezielle [TAFF PRESERVE] opgedroen.

TAFF hellt just déi bescht Botzmëttelen fir Äert Doheem.
ouni chemesch Zousätz déi net néideg sinn.

TAFF Fassadebotz garanteiert
e proppert Resultat mat PAFF-Effekt.
Fir Eefamilljenheiser.

zu Keespelt
virdrun
duerno
zu Sandweiler
virdrun
duerno
zu Scheedgen
virdrun
duerno
WEIDER REFERENZEN KUCKEN

TAFF bitt och Fassadebotz fir Bürosgebaier a grouss Wunnkomplexer un

, zu Luxembourg
virdrun
duerno
, zu Buurschent
virdrun
duerno
WEIDER REFERENZEN KUCKEN
Michael Zander -
Berodung & Verkaf TAFF

Wat kann TAFF
fir Iesch maachen?

Huelt Iech haut nach Är
Äre Rendez-vous!

ELO BERODE LOOSSEN

EIS VERSPRIECHEN

Werterhéijung

Bis 15% Präiserheijung vun ärem Haus. Wann dir verkafe wëllt, steigen d‘Chancen enorm!

HYGIENE

Propretéit ass eise Metier. Mir ënnersträichen dat mat eise mobillen Toiletten an anhale vun allen Hygiène Virschrëften.

Ekonomie & Ekologie

TAFF Fassadebotz ass méi bëlleg an ökologesch besser wéi en neien Ustrach.

Ëmweltschutz

Deen schounenden Ëmgang mat knappe Ressourcen inklusive Recycling wei de spuersamen Asaz vu Botzmëttel a Fassade Protektioun sinn eis ganz wichteg.

Menschen & Material

All TAFF Mataarbechter si frëndlech a gutt ausgebilt. Maschinnen a Vehikele sinn op dem neiste Stand vun der Technik.

Ouni Stee

Mir schaffe mat engem patentéierte Lanzesystem an ouni Stee: méi Sécherheet, manner Zäit a Käschtenopwand.

Sécher

Den diskreten Ëmgang mat Ärem Haus a Besetz steet bei eis un éischter Stell.

Pénktlech

Mir respektéieren Är wäertvoll Zäit an halen Rendezvousen an.

Dat soen eis

begeeschtert Clienten

"Wouhier kennt Dir d'Faarf vun eisem Haus? Et gesäit aus wéi virun aacht Joer, wéi mir erageplënnert sinn."

Client aus der Stad

"Wou ass den Unhänger mat der Stee?"

Client vun Iechternach

"Schounend an nohalteg. Super System. Dat ass Ëmweltschutz."

Client vu Jonglënster

"Mega... Elo brauch den Usträicher net méi ze kommen."

Client aus der Stad

“Eng gutt Alternativ zum Ustrach!"

Client vu Bartreng

"D 'Resultat vun der Botz ass impressionnant. D 'Aarbechter ware ganz hëiflech, diskret a kompetent." Die Arbeiter waren sehr höflich, diskret und kompetent."

Client vu Buerglënster

“D'Fassad ass net nëmme gebotzt, se blénkt méi schéin wéi am Ufank!"

Client vu Wallenduerfer-Bréck

"Ass do Farf mat dran - an Ärem Waasser?"

Client vum Scheedgen

“War net doheem wéi d'Aarbechten gemach si ginn, huet awer tiptop geklappt."

Client vu Reckeng op der Mess

“Propper Aarbecht gemaach. Merci."

Client vu Rodange

NACH NET IWWERZEEGT?

Kuckt Iech den aktuelle Folder vum LUXEMBURGER WORT oder déi aktuell TAFF Broschür un. Gäre schécke mir Iech e gedréckten Exemplaire zou!

BROSCHÜR UFROEN

Dei aktuell TAFF Publikatioun

TAFF Broschüre 2023 LB

Dei aktuell TAFF Publikatioun

Oft gestallt Froen (FAQs)

WÉI LAANG HÄLT ENG FASSADEBOTZ?

Mat enger regelméisseger TAFF Fassadebotz hält d’Fassad mam Ustrach bis zu 40 Joer. Wéi laang eng gebotzt Fassad gutt ausgesäit, hänkt staark vun de folgende Faktoren of: Standuert, Wieder, Klima a Fassadenuewerfläch. Fir e permanent algefräi Resultat ze erreechen, soll de Fassadeschutz all fënnef Joer erneiert ginn.

WÉI LAANG DAUERT ENG FASSADEBOTZ?

Eng TAFF Fassadebotz gëtt normalerweis an nëmmen engem Dag bei engem duerchschnëttlechen Eefamilljenhaus gemaach, och wann et vill knaschteg ass.

ASS ENG STEE FIR D'FASSADEBOTZ NÉIDEG?

Eng deier an opwenneg Stee ass bei TAFF net néideg. TAFF botzt mat engem speziellen, eelef Meter laange Lanzesystem oder mat sengem eegene Lift “Leo”.

ASS D'FASSADEBOTZ SÉCHER FIR D'ËMWELT AN D'GESONDHEET?

TAFF benotzt nëmmen zertifizéiert TAFF Green Apple Produkter déi fir déi entspriechend Notzung guttgeheescht an iwwer vill Joeren positiv getest goufen. E patentéierte Sammelbaseng an High-Tech Ofwaasser-Behandlungssystemer gi vun TAFF benotzt. D’knaschtegt Waasser gëtt op der Plaz gekläert, gefiltert an nei benotzt. Den TAFF Botzprozess ass dofir harmlos a spuert Ressourcen.

Wéi eng Fassade kënne gebotzt ginn?

TAFF Botzservice botzt isoléiert Fassaden (Konschtharz, Silikat oder Mineralputz), Klinkerfassaden, Natur- a Sandsteefassaden a méi. TAFF freet sech op Är Erausfuerderung!

Wéivill muss ech an D'Fassadebotz investéieren?

Eng Fassadebotz vun TAFF ass vill méi bëlleg wéi en neien Ustrach. Déi genee Käschte hänke vu verschiddene Faktoren of, wéi d’Zuel vun de Quadratmeter, de Verschmotzungsgrad, de Besoin fir e Lift, asw. Mir géifen gären d’Fassad(en) op der Plaz kucken an Iech eis bescht Offer fir eng TAFF Fassadebotz maachen. Schreift eis eng Mail op info@taff.lu oder rufft eis un um +352 283 862-62. Mir freeën eis op Iech!

Schéckt eis
Är Ufro!

Mir wieren frou Iech ze begeeschteren!

TAFF S.à r.l. by WANDWERK
6, rue des Promenades
L-6314 Beaufort
E-Mail: info@taff.lu
Tel.: +352 283 862-62

Büroszäiten:
méindes - freides 7 - 18 Auer
samschdes no Arrangement
Produkt
Datenschutz

ELO
GEWERBLECH ODER
ALS ENG GEMENG

Kontakt ophuelen

SCHÉCKT EIS

ÄR UFRO

Produkt
Datenschutz

ELO

BROSCHÜR

UFROEN

100% gratis an onverbindlech.

Datenschutz

ELO

GRATIS TESTFLÄCH

UFROEN

100% gratis an onverbindlech.

Datenschutz