INDUSTRIEBOTZ
MIR HALEN ÄERT 
BUTTEK PROPPER.
OFFER UFROEN

PROFESSIONELL BOTZ VUN PARKHAISER, INDUSTRIEHAALEN, ATELIER AN GEMENGEN ZU LËTZEBUERG AN AN DER GROUSSREGIOUN TREIER & BITBURG.

TAFF ass Ären starken Partner fir professionell Botz vun Ärem Atelier.

Et ass immens wichteg op eng propper Entreprise uecht ze ginn, aus Secherheetsgrenn an aus Respekt virun dem Client an den eegene Mataarbechter. Den éischten Androck zielt an de Client wei och de Mataarbechter fält direkt op wann et net propper ass. Atelier, Parkplazen, Verkafsraum, Magasinn oder och Pausenraum sollten ëmmer propper sinn.

ÄR VIRDEELER:
  • PROPPER ËMFELD SUERGT FIR GESONDHEET.
  • MÉI HÉICH EFFIZIENZ AN PRODUKTIVITEIT
  • ERHAALT VUM PRÄIS ÄRER IMMOBIL
  • VERBESSERUNG VUN DER ËFFENTLECHER PRESENZ
  • GLÉCKLECH MATAARBECHTER

Alles erëm propper.

FIR ÄR SÉCHERHEET

PARKHAUSBOTZ

Ongefleegt a knaschteg Parkplazen an ënnerierdisch Garagen léisen bei ville Mënschen e schlecht Gefill aus, am Géigendeel dozou maache propper Gebaier ee gudden Androck.

Domat dir méi Vertraue vun Äre Client kritt, verloosst Iech op TAFF.
Déi héich Notzung vu Parkplazen féiert zu ënnerschiddlechem Knascht, wei Ueleg oder Autosflecken. Wéinst dem Asaatz spezieller Botzverfueren kënne mir Iech en erneit gudd Ausgesi vun Ärem Parkhaus garantéieren. TAFF Botzservice - fir e komplett proppert Parkhaus, dat Vertrauen an e gutt Gefill gëtt.

Leeschtungsberäicher: Buedem, Decken, Réier, Wänn  

TAFF-industriereinigung

Leeschtungsberäicher: Buedem, Decken, Rouer, Wänn, Liichtkuppel

INDUSTRIEBOTZ

Ongefleegt a knaschteg Industriehalen kënnen net nëmmen d‘Aarbechtsëmfeld negativ beaflossen, awer och d‘Effizienz a Sécherheet beanträchtegen.

Industriehale si villsäiteg Dreck ausgesat, duerch Produktreckstänn, Ueleg an Fettspueren oder aner Knaschtreckstänn. Wéinst eisem wäit entwéckelten Botzverfueren an eiser Expertis garantéiere mir Iech, dat dir an Äerem Aarbechtsëmfeld e gudden Zoustand hutt. TAFF Botzservice - Äre Partner fir eng propper a sécher Industriehal, an der Produktivitéit an Zufriddenheet Ärer Aarbechter un éischter Platz steet. Wëllkomm bei der Industriebotz op hëchstem Niveau.

ATELIERBOTZ

Ongefleegt a knaschteg Handwierksbetriber an Ateliere kënnen Aarbechtsofleef an den Image vun der Entreprise negativ beaflossen. 

Beim TAFF Botzservice versti mir d‘Bedeitung vun engem propperen Aarbechtsëmfeld a sinn Äre verlässleche Partner fir d‘Botz vun Handwierksbetriber an Ateliere.
Mir këmmeren eis ëm d‘Eliminatioun vu Knascht, Stëbbs an anerem Dreck, déi am Handwierk oft virkommen.

Eis personaliséiert Botzléisunge sinn dorop ausgeriicht, Är Aarbechtsprozesser ze optiméieren an d‘Zefriddenheet vun Ären Aarbechter héisch ze halen. Vertraut op den TAFF Botzservice fir Är Atelier an Ären Handwierksbetrib an Topform ze halen.

Leeschtungsberäich: Wänn an Réier vu Stëbbs befräien

TAFF-reinigung-oeffentliche-einrichtungen

BOTZ VUN ËFFENTLECHEN ARIICHTUNGEN

Ongefleegt a knaschteg ëffentlech Plazen wéi Schwämm oder Spillplazen kënnen d‘Freed beanträchtegen an d‘Ausgesi léisst Bedreiwer negativ do stoen.

Eis Botzléisungen op d‘Mooss sinn dorop ausgeriicht, d‘Qualitéit vun den Ariichtungen ze verbesseren. Vertraut op d‘TAFF Botz fir Är ëffentlech Ariichtung an éischtklassegem Zoustand ze halen.

Andreas Kollas - Gebäudereiniger TAFF
Andreas Kollas - Berodung a Verkaf TAFF

WAT KANN TAFF
FIR IECH MAACHEN?

Huelt Iech haut nach
Äre Rendez-vous!

Kontakt ophuelen

TAFF hellt just déi beschte Botzmëttel fir Äert Doheem.
ouni chemesch Zousätz déi net noutwendeg sinn.

EIS VERSPRIECHEN

Pünktlich

Mir respektéieren Är wäertvoll Zäiten an halen RDV an.

Sécher

Den diskreten Ëmgang mat Ärem Haus a Besetz steet bei eis un éischter Stell.

Menschen & Material

All TAFF Mataarbechter si frëndlech a gutt ausgebilt. Maschinnen a Vehikele sinn op dem neiste Stand vun der Technik.

Ëmweltschutz

Deen schounenden Ëmgang mat knappe Ressourcen inklusive Recycling wei de spuersamen Asaz vu Botzmëttel a Fassade Protektioun sinn eis ganz wichteg.

Diskretioun

Dir kënnt Iech drop verloossen, dass mir oppassen an esou onopfälleg, ewéi nëmme méiglech, schaffe wäerten.

HYGIENE

Propper ass eise Metier. Mir ënnersträichen dat mat eise mobillen Toiletten an anhale vun allen Hygiène Virschrëften.

Dat soen eis

begeeschterte Clienten

“Propper Aarbecht gemaach. Merci."

Client vu Rodange

“Ech wëllt, mir hätten nach méi sou Betriber wéi ären an eisem Land! Professonell! BRAVO!"

Client vun Hesper

“Super Service a fein a kompetent Personal."

Client vu Berbuerg

Oft gestëllten Froen (FAQ's)

Schéckt eis Är Ufro!

Mir wieren frou Iech ze begeeschteren!

TAFF S.à r.l. by WANDWERK
6, rue des Promenades
L-6314 Beaufort
E-Mail: info@taff.lu
Tel.: +352 283 862-62

Büroszäiten:
méindes - freides 7 - 18 Auer
samschdes no Arrangement

ELO
GEWERBLECH ODER
ALS ENG GEMENG

Kontakt ophuelen

SCHÉCKT EIS

ÄR UFRO

ELO

BROSCHÜR

UFROEN

100% gratis an onverbindlech.

ELO

GRATIS TESTFLÄCH

UFROEN

100% gratis an onverbindlech.