Pénktlechkeet ass fir eis Ausdrock vu Respekt. Mir huelen Är wäertvoll Zäit ganz eescht a liwweren den Devis an d’Leeschtung zum ofgemaachten Zäitpunkt!

Botzen ass eise Métier.
D'Fassaden- an Terrassebotz vu TAFF ass ganz beléift. Mir goufen oft gefrot op mir nach aner Déngschtleeschtungen maachen. Mir freeën eis ,elo nei Leeschtunge vun TAFF ubidden ze kennen. Ab elo botze mir niewent Ärer Fassade an Ärem Haff och nach Ären Daach, Solar an Natursteenmauer. Alles an enger duusser an effektiver Aart an Weis.
Henning Krewer & Marco Schmitz
TAFF steet zu sengem Wuert
ALL MATAARBECHTER ASS SECH SENGER VERANTWORTUNG BEWOSST AN WELL CLIENT MAT KOMPETENZ; ZOUVERLÄSSEGKEET AN DISKRETIOUN IWWERZEEGEN.
FIRWAT
TAFF REINIGUNGSDIENST?
PÜNKTLECHKEET
VERTRAUENSVOLL BEHANDLUNG
Mir schätzen et wierklech datt Dir eis Äert Vertraue gitt fir an Ärer Privatsphär ze schaffen. Dir kënnt op déi virsiichteg a vertrauensvoll Behandlung vun Ärem Besëtz vertrauen.
Héchst Qualitéit
„Qualitéit ass, wann de Client zeréck kënnt an net d‘Wuer!“ Mir hätte gär, dass Dir Fans vun TAFF gitt! Dat geet nëmme mat Top-Qualitéit.
Diskretioun
Mir kennen d‘Ängschte, wann Handwierker am/beim eegenen Doheem schaffen. Dir kënnt Iech drop verloossen, dass mir oppassen an esou onopfälleg, ewéi nëmme méiglech, schaffe wäerten.
Perfekt Propretéit
Knascht sicht Dir no der Aarbecht bei Iech ouni Succès. Mir botzen alles bis an de leschten Detail, esou wéi wann et bei eis doheem wier.
Ausgebilt Mataarbechter
Bei eis fannt Dir nëmmen an eisem internen Trainingsprogramm héich forméiert Spezialisten. Nëmmen esou kënne mir eis eege Standarden erfëllen.