GLASBOTZ
STRÄIFEFRÄI
KLOER VUE.
ELO OFFER UFROEN

Professionell Glasbotz zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun Tréier & Bitburg.

TAFF Glasbotz – fir déi kloer Duerchsiicht an en Doheem zum Opootmen

Vergiesst wackeleg Leederen, lästeg Sträifen an opwänneg Selwerbotz: Egal ob Fënsteren, Kaderen, Glasfassaden, Wantergäert oder grouss Verglasungen – TAFF suergt och op Plazen, un déi Dir net einfach drukommt, fir hygienesch Propperkeet an en tadellost Erscheinungsbild vu bannen a vu baussen. Sträifefräi, materialschounend a mat biologesch ofbaubare Botzmëttelen.
Erlieft, wéi vill Liewensqualitéit duerch kloer Fënsteren an Äert Haus erakënnt. Dir wäert iwwerrascht sinn, wéi vill méi hell, frëndlech a gepfleegt Är Raim wierken. An Är Noperen? Déi wäerte staunen.

Maacht elo e gratis Besichtegungstermin aus – 100 % onverbindlech. Verschaaft Iech de perfekten Duerchbléck – sécher, propper an diskret. TAFF mécht den Ënnerscheed siichtbar!

ELO OFFER UFROEN

ÄR VIRDEELER:

  • STRÄIFEFRÄI – PROPPERKEET OUNI RÉCKSTÄNN
  • SCHOUNEND & SÉCHER
  • ËMWELTFRËNDLECH – BIOLOGESCH OFBAUBAR BOTZMËTTELEN
  • FLEXIBEL & ZOUVERLÄSSEG – EEMOLEG ODER REGELMÉISSEG
  • PERFEKTE DUERCHSIICHT BANNEN AN DOBAUSSEN
  • PFLEEG FIR RUMMEN & FALZ INKLUSIV
  • OCH SCHWÉIER Z’ERREECHEND GLASFLÄCHEN

IWWERZEEGT IECH SELWER

Professionell Glasbotz fir e stralend Doheem.

Egal ob Eefamilljenhaus, Penthouse oder Wantergaart – mir suergen fir déi kloer Duerchsiicht.

Beim TAFF Glasbotz ginn Dreck, Stëbs an Oflagerungen grëndlech a schounend ewechgemaach – inklusiv Kader a Falz. Mir schaffe mat entmineraliséiertem Waasser a biologesch ofbaubare Botzmëttelen. D’Resultat: sträifefräi Propperkeet, laang dauerhafte Glanz an e frëscht Raumgefill. An dat zu engem faire Präis – ouni Risiko an ouni Opwand fir Iech.

Fensterreinigung in Aktion in Luxemburg
Glasbotz zu Lëtzebuerg

FIRWAT TAFF GLASBOTZ?

Fir datt ÄR FËNSTER DE GLANZ BEHAALEN, DEEN SE VERDIENEN!

Méi Duerchsiicht, méi Wunnqualitéit!

Trüb Fënsteren, haartnäckegen Dreck oder schwéier z’erreechend Fënsteren? Mam TAFF Glasbotz brénge mir erëm Liicht an d’Haus – zouverlässeg, diskret a sträifefräi. Fir e gepfleegt Erscheinungsbild an e wuelegt Raumgefill.

Sanft, grëndlech an ëmweltfrëndlech!

Mir botzen Glas, Kader a Falz mat entmineraliséiertem Waasser a biologesch ofbaubare Botzmëttelen. Dobäi oppasse mir op all Detail a behandelen Är Fënsteren an d’Ëmgéigend mat grousser Opmierksamkeet a Sorgfalt. D’Resultat: e proppere Bléck no baussen an e gutt Gefill – dauerhaft, op Wonsch och regelméisseg.
Henning Krewer - Betriebsleiter TAFF
Henning Krewer -
Direkter vum Betrib TAFF

Wat kann TAFF
fir Iesch maachen?

Huelt Iech haut nach Är
Äre Rendez-vous!

ELO BERODE LOOSSEN

EIS VERSPRIECHEN

Wäerterhalt

Gepfleegt Fënsteren, Kaderen an Dichtunge bleiwe méi laang schéin a funktionstüchteg – dat erhält de Wäert vun Ärer Immobilie.

HYGIENE

Propretéit ass eise Metier. Mir ënnersträichen dat mat eise mobillen Toiletten an anhale vun allen Hygiène Virschrëften.

Flexibel & zouverlässeg

Egal ob eemoleg oder regelméisseg: Dir bestëmmt de Rhythmus, mir këmmeren eis ëm sträifefräi Propperkeet – zum ofgemaachten Termin.

Ëmweltschutz

De schounenden Ëmgang mat knappe Ressourcen inklusiv Recycling souwéi de spuersamen Asaz vu biologesch ofbaubare Botzmëttelen sinn eis ganz wichteg.

Menschen & Material

All TAFF Mataarbechter si frëndlech a gutt ausgebilt. Maschinnen a Vehikele sinn op dem neiste Stand vun der Technik.

Och schwéier z’erreechen

Glasfassaden, Wantergäert an héich Fënstere botze mir och op Plazen, un déi Dir net einfach drukommt – sécher an ouni Opwand fir Iech.

Sécher

Den diskreten Ëmgang mat Ärem Haus a Besetz steet bei eis un éischter Stell.

Pénktlech

Mir respektéieren Är wäertvoll Zäit an halen Rendezvousen an.
taffi-daumen-hoch

Dat soen eis

begeeschtert Clienten

“Wouhier kennt Dir d’Faarf vun eisem Haus? Et gesäit aus wéi virun aacht Joer, wéi mir erageplënnert sinn.”

Client aus der Stad

“Wou ass den Unhänger mat der Stee?”

Client vun Iechternach

“Schounend an nohalteg. Super System. Dat ass Ëmweltschutz.”

Client vu Jonglënster

“Mega… Elo brauch den Usträicher net méi ze kommen.”

Client aus der Stad

“Eng gutt Alternativ zum Ustrach!”

Client vu Bartreng

“D ‘Resultat vun der Botz ass impressionnant. D ‘Aarbechter ware ganz hëiflech, diskret a kompetent.” Die Arbeiter waren sehr höflich, diskret und kompetent.”

Client vu Buerglënster

“D’Fassad ass net nëmme gebotzt, se blénkt méi schéin wéi am Ufank!”

Client vu Wallenduerfer-Bréck

“Ass do Farf mat dran – an Ärem Waasser?”

Client vum Scheedgen

“War net doheem wéi d’Aarbechten gemach si ginn, huet awer tiptop geklappt.”

Client vu Reckeng op der Mess

“Propper Aarbecht gemaach. Merci.”

Client vu Rodange

“Ech wëllt, mir hätten nach méi sou Betriber wéi ären an eisem Land! Professonell! BRAVO!”

Client vun Hesper

“Mier si méi wéi zefridden mat den Aarbechten an dem Ausgesi vun der Trap an der Afahrt. Hoffentlech bleiwt et eng Zäit esou.”

Client vu Leudelange

“Super Service a fein a kompetent Personal.”

Client vu Berbuerg

“Mir si ganz zefridden. Frëndlech, kompetent Mataarbechter. Héich recommandéiert!”

Client vu Steesel

“Mir soen nach eng Keier Merci an wäerten Iech weider empfehlen!”

Client vu Fëschbech

“Alles an der Reih! De Botztechniker war immens hëllefsbereed a ganz frëndlech.”

Client aus Nidderkäerjeng

“Eng Firma, déi hällt waat se versprécht!”

Client aus Osper

“TOP”

Client aus Howald

“Mir si ganz zefridden an et huet alles perfekt geklappt!”

Client aus Izeg

“Kompetent, frëndlech an op all Fro eng Antwert, iwwer Telefon wéi och persëinlech!”

Client aus Nidderkuer

“Ganz gudd Aarbecht – Personal frëndlech. Macht weider esou. Vill Chance!”

Client aus Wolwen

“Top Aarbecht, merci! 😊”

Client aus Chrëschtnech

“D ‘Copropriétairen si ganz zefridden mat ärer Aarbecht! 😊”

Client aus Hueschtert

“Super Aarbecht. Jidderen zefridden!”

Client aus Betten op der Mess

“Ganz frëndlech, kompetent schnell an effektiv an hierer Aarbecht!”

Client aus Beaufort

“Mir si ganz zefridde mat der kompetenter Berodung an der Aarbecht vun engem kompetenten a frëndlechen Employé. D’Aarbecht gouf propper a präzis mat héichwäertege Maschinnen gemaach! Mir recommandéieren Är Firma an Är Mataarbechter gären. Grousse Luef fir Är Firma!”

Client vu Steesel

“Super Team! Sehr frendlëch a kompetent! Merci, Här Sahin, super Aarbecht gemaach!”

Client aus Olm

“Botztechniker -> super sympatesch, kompetent. Berodung -> super. An ee faire Prais. Merci.”

Client vu Lëtzebuerg

“D ‘Frëndlechkeet vum Här Czeschka souwéi d’ausféierlech an exakt Beschreiwung vun den Aarbechten hunn mech iwwerzeecht.”

Client de Lëtzebuerg

“Never change a good team. D ‘Leit um Chantier waren top. Merci!”

Client de Lëtzebuerg

“Villmols merci un d’Firma TAFF a ganz besonnesch un den Här Marc Geib fir d’super Aarbecht!”

Client vu Lëtzebuerg

“Top Team, top Ausféierung, top Resultat ***** Mir sinn ganz zefridden an wäerten nach haut iwwerweisen.”

Client vu Lëtzebuerg

“Ech freeë mech all Dag dat meng Terrass an de Wee sou schéi goufen! Villmols merci.”

Client vu Lëtzebuerg

“Eis Noperen a mir sinn begeeschtert iwwert äre Service.”

Client vu Lëtzebuerg

“Villmols merci, mir si ganz zefridden. Tip top!! Super geschafft!!!”

Client vu Lëtzebuerg

“Ech kann just soen, ech war a sinn deck zefridden. Hätt net geduet, datt et esou schéin wär duerno! Top Aarbecht!”

Client de Lëtzebuerg

„Tip top geschafft a ganz propper a frëndlech.“

Client vu Schuller

NACH NET IWWERZEEGT?

Riskéiert ee Bléck an di aktuell TAFF Broschüre. Gären kenne mir Iech och een gedréckten Exemplar zoukomme loossen!

BROSCHÜR UFROEN
TAFF am Luxemburger Wort, Editioun September 2026 – Titelsäit

D'aktuell Broschür am Wort

TAFF Imagebuch Thumbnail de

D'aktuell TAFF Broschür 2025

Häufig gestellte Fragen (FAQ's)

taffi-arme-verschraenkt

Individuell, propper, ouni Stress.

Frot elo Äert perséinlecht Offer un.

ELO BOTZ UFROEN

ELO
GEWERBLECH ODER
ALS ENG GEMENG

Kontakt ophuelen

SCHÉCKT EIS

ÄR UFRO

ELO

BROSCHÜR

UFROEN

100% gratis an onverbindlech.

ELO

GRATIS TESTFLÄCH

UFROEN

100% gratis an onverbindlech.