fbpx
Beaufort
info@taff.lu
TEL. +352 283 862-62
FASSADEBOTZ
ÄERT HAUS. WÉI NEI.
OUNI STEE.
GRATIS TESTSURFACE UFROEN

Äre professionelle Botzservice zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun Tréier, Saarburg & Bitburg.

TAFF Fassadebotz erhéicht de Wäert vun Ärer Immobilie an Äerem perséinleche Wuelbefanne mat enger Botz.

Een deieren neien Ustrach an d‘Opriichte vun enger Stee gëtt gespuert! Léiert Äert Haus no eiser professioneller Fassadebotz nei kennen! Dir wäert am léifsten nach eng Kéier nei anzéien. Maacht nach haut e Rendezvous fir eng gratis Testsurface bei Iech doheem. 100 % gratis an onverbindlech. Dir wäert grouss Ae maachen. An Ären Noper eréischt ... garantéiert!

GRATIS TESTSURFACE UFROEN
ÄR VIRDEELER:
  • 100 % GRATIS TESTSURFACE
  • VILL MÉI BËLLEG WÉI EN NEIEN USTRACH
  • KENG STEE NÉIDEG
  • MEESCHTENS PROPPER A JUST ENGEM DAACH
  • BIS ZU 15 % WÄERTERHEIJUNG
  • ENDLECH ERËM WUELFILLEN

IWWERZEEGT IECH SELWER

Professionell Botz vun Hausfassaden.
Ob Eefamilljenhaus oder grousse Komplex.
Vill méi bëlleg wéi en neien Ustrach.

Bei der TAFF Fassadebotz ginn organesch Verschmotzungen, Pilzen an Alge grëndlech eliminéiert. Duerno gëtt Är Fassade mat engem luese Waasserstral bei nidderegem Drock ofgespullt. Ofschléissend gëtt op déi gebotzt Fassade eng Fassade Protektioun applizéiert - fir vill Joer Freed. An dat bei vergläichbarer Qualitéit vill méi bëlleg, ökologesch a méi schnell wéi en neien Ustrach.

vorhernachher
Fassadebotz zu Keespelt
Garantie bei privat genotzten Een- an Zweefamilienhaisern

5 Joer Garantie géint neie Knascht.
Sécherheet ouni Zousazkäschten!

FIRWAT TAFF FASSADEBOTZ?
DOMAT DIR IECH DEN USTRACH SPUERE KENNT!

Propper ouni Farw!

Iergert Iech och, dat Algen an Dreck Äert Haus knaschteg maachen, awer dir wësst net wat Dir mache kënnt? Gären iwwerzeege mir Iech vun der TAFF Fassadebotz! Bei eis sidd Dir a gudden Hänn! Är Fassad gëtt a kuerzer Zäit gebotzt. OUNI opwendeg Stee oder deier Faarw. D‘Resultat wäert Iech erstaunen!

Duuss an effektiv!

Dat TAFF Fassadebotzmettel eliminéiert op schounend Aart a Weis Knascht, Pilzen an Algen. Doropshi gëtt Är Fassade mat engem Waasserstral mat wéineg Drock gespullt. Ofschléissend gëtt op déi gebotzt Fassade eng Fassade Protektioun applizéiert.

Äre Wee zu enger propperer Fassad –
D'Schrëtt am Iwwerbléck

1.

Gratis Berodung

Profitéiert vun eisem breet opgestallten Expertenwëssen am Beräich Botz. D'Berodung ass fir Iech ëmmer gratis.

2.

100% gratis Testsurface

Op Wonsch erstellen mir Iech eng gratis Testfläch, fir datt Dir Iech selwer vum erwaarten Resultat iwwerzeege kënnt.

3.

Suerfälteg Ofdecken

Virum Ufank vun der Botz gëtt um Buedem eng Hightech-Ophiefbasseng installéiert, déi dat dreckt Waasser ophëlt a verhënnert, dass et an de Buedem gelangt. Zousätzlech ginn all ëmleiend Planzen an Géigestänn ofgedeckt.

4.

Optragen 'TAFF ACTION' - Ouni Stee

Am nächste Schrëtt gëtt eisen Fassadereiniger 'TAFF ACTION' op der Hausfassad ubruecht. Ouni deiert Gerüst, nëmmen mat Lanz oder Steiger.

5.

Schounend Reinigung mat Opfänke vum Waasser

Är Fassad gëtt mat ca. 60 Grad waarmen, opbereetem Waasser aus dem Serviceauto mat Nidderdrock grëndlech gewäsch. Se gesäit lo nees aus wéi nei.

6.

Optragen vun 'TAFF PRESERVE' zum Schutz

No der Reinigung suergt 'TAFF PRESERVE' fir laang unhalenden Schutz géint neien Algen- a Schimmelbefall.

7.

Fënsterbotz mat Eau Pure

No dem Botz von der Fassad ginn déi ëmleiend Fënsteren mat Rengwaasser gereinegt, fir eentheetlecht Reinigungsergebnis ze garantéieren.

8.

Endlech nees wuelfillen!

No der Reinigung ass Äert Haus vun Algen a Schmutz befreit.

TAFF hellt just déi bescht Botzmëttelen fir Äert Doheem.
ouni chemesch Zousätz déi net néideg sinn.

TAFF Fassadereinigung garantéiert
propper Resultater mat Baff-Effekt
fir Eefamilljenhaiser.

zu Keespelt
virdrun
duerno
zu Sandweiler
virdrun
duerno
zu Näerzeng
virdrun
duerno
WEIDER REFERENZE KUCKEN

TAFF bitt och Fassadebotz fir Bürosgebaier a grouss Wunnkomplexer un

virdrun
duerno
, zu Luxembourg
virdrun
duerno
, zu Buurschent
virdrun
duerno
WEIDER REFERENZE KUCKEN
Michael Zander -
Berodung & Verkaf TAFF

Wat kann TAFF
fir Iesch maachen?

Huelt Iech haut nach Är
Äre Rendez-vous!

ELO BERODE LOOSSEN

EIS VERSPRIECHEN

Wäerterhéijung

Bis 15% Präiserheijung vun ärem Haus. Wann dir verkafe wëllt, steigen d‘Chancen enorm!

HYGIENE

D'Propretéit ass eise Métier. Mir ënnersträichen dat mat eise mobillen Toiletten an dem Anhale vun allen Hygiènevirschrëften.

Ekonomie & Ekologie

TAFF Fassadebotz ass méi bëlleg an ökologesch besser wéi en neien Ustrach.

Ëmweltschutz

De schounenden Ëmgang mat knappe Ressourcen inklusiv Recycling wéi de spuersamen Asaz vu Botzmëttel a Fassadeprotektioun sinn eis ganz wichteg.
leer

Menschen & Material

All TAFF Mataarbechter si frëndlech a gutt ausgebilt. Maschinnen a Vehikele sinn op dem neiste Stand vun der Technik.

Ouni Stee

Mir schaffe mat engem patentéierte Lanzesystem an ouni Stee: méi Sécherheet, manner Zäit a Käschtenopwand.

Sécher

Den diskreten Ëmgang mat Ärem Haus a Besetz steet bei eis un éischter Stell.

Pénktlech

Mir respektéieren Är wäertvoll Zäit an hale Rendezvousen an.

Dat soen eis

begeeschtert Clienten

"Wouhier kennt Dir d'Faarf vun eisem Haus? Et gesäit aus wéi virun aacht Joer, wéi mir erageplënnert sinn."

Client aus der Stad

"Wou ass den Unhänger mat der Stee?"

Client vun Iechternach

"Schounend an nohalteg. Super System. Dat ass Ëmweltschutz."

Client vu Jonglënster

"Mega... Elo brauch den Usträicher net méi ze kommen."

Client aus der Stad

“Eng gutt Alternativ zum Ustrach!"

Client vu Bartreng

"D 'Resultat vun der Botz ass impressionnant. D 'Aarbechter ware ganz hëiflech, diskret a kompetent." Die Arbeiter waren sehr höflich, diskret und kompetent."

Client vu Buerglënster

“D'Fassad ass net nëmme gebotzt, se blénkt méi schéin wéi am Ufank!"

Client vu Wallenduerfer-Bréck

"Ass do Farf mat dran - an Ärem Waasser?"

Client vum Scheedgen

“War net doheem wéi d'Aarbechten gemach si ginn, huet awer tiptop geklappt."

Client vu Reckeng op der Mess

“Propper Aarbecht gemaach. Merci."

Client vu Rodange

“Ech wëllt, mir hätten nach méi sou Betriber wéi ären an eisem Land! Professonell! BRAVO!"

Client vun Hesper

“Mier si méi wéi zefridden mat den Aarbechten an dem Ausgesi vun der Trap an der Afahrt. Hoffentlech bleiwt et eng Zäit esou."

Client vu Leudelange

“Super Service a fein a kompetent Personal."

Client vu Berbuerg

“Mir si ganz zefridden. Frëndlech, kompetent Mataarbechter. Héich recommandéiert!"

Client vu Steesel

“Mir soen nach eng Keier Merci an wäerten Iech weider empfehlen!"

Client vu Fëschbech

“Alles an der Reih! De Botztechniker war immens hëllefsbereed a ganz frëndlech."

Client aus Nidderkäerjeng

“Eng Firma, déi hällt waat se versprécht!"

Client aus Osper

"TOP"

Client aus Howald

“Mir si ganz zefridden an et huet alles perfekt geklappt!"

Client aus Izeg

“Kompetent, frëndlech an op all Fro eng Antwert, iwwer Telefon wéi och persëinlech!"

Client aus Nidderkuer

“Ganz gudd Aarbecht - Personal frëndlech. Macht weider esou. Vill Chance!"

Client aus Wolwen

“Top Aarbecht, merci! 😊"

Client aus Chrëschtnech

“D 'Copropriétairen si ganz zefridden mat ärer Aarbecht! 😊"

Client aus Hueschtert

“Super Aarbecht. Jidderen zefridden!"

Client aus Betten op der Mess

“Ganz frëndlech, kompetent schnell an effektiv an hierer Aarbecht!"

Client aus Beaufort

“Mir si ganz zefridde mat der kompetenter Berodung an der Aarbecht vun engem kompetenten a frëndlechen Employé. D'Aarbecht gouf propper a präzis mat héichwäertege Maschinnen gemaach! Mir recommandéieren Är Firma an Är Mataarbechter gären. Grousse Luef fir Är Firma!"

Client vu Steesel

“Super Team! Sehr frendlëch a kompetent! Merci, Här Sahin, super Aarbecht gemaach!"

Client aus Olm

"Botztechniker -> super sympatesch, kompetent. Berodung -> super. An ee faire Prais. Merci."

Client vu Lëtzebuerg

"D 'Frëndlechkeet vum Här Czeschka souwéi d'ausféierlech an exakt Beschreiwung vun den Aarbechten hunn mech iwwerzeecht."

Client de Lëtzebuerg

"Never change a good team. D 'Leit um Chantier waren top. Merci!"

Client de Lëtzebuerg

"Villmols merci un d'Firma TAFF a ganz besonnesch un den Här Marc Geib fir d'super Aarbecht!"

Client vu Lëtzebuerg

"Top Team, top Ausféierung, top Resultat ***** Mir sinn ganz zefridden an wäerten nach haut iwwerweisen."

Client vu Lëtzebuerg

"Ech freeë mech all Dag dat meng Terrass an de Wee sou schéi goufen! Villmols merci."

Client vu Lëtzebuerg

"Eis Noperen a mir sinn begeeschtert iwwert äre Service."

Client vu Lëtzebuerg

"Villmols merci, mir si ganz zefridden. Tip top!! Super geschafft!!!"

Client vu Lëtzebuerg

"Ech kann just soen, ech war a sinn deck zefridden. Hätt net geduet, datt et esou schéin wär duerno! Top Aarbecht!"

Client de Lëtzebuerg

NACH NET IWWERZEEGT?

Riskéiert ee Bléck an di aktuell TAFF Broschüre. Gären kenne mir Iech och een gedréckten Exemplar zoukomme loossen!

BROSCHÜR UFROEN

D'aktuell Broschür am Wort

D'aktuell Broschür 2024

Oft gestallte Froen (FAQs)

WÉI LAANG HÄLT ENG FASSADEBOTZ?

Mat enger regelméisseger TAFF Fassadebotz hält d’Fassad mam Ustrach bis zu 40 Joer. Wéi laang eng gebotzt Fassad gutt ausgesäit, hänkt staark vun de folgende Faktoren of: Standuert, Wieder, Klima a Fassadenuewerfläch. Fir e permanent algefräi Resultat ze erreechen, soll de Fassadeschutz all fënnef Joer erneiert ginn.

WÉI LAANG DAUERT ENG FASSADEBOTZ?

Eng TAFF Fassadebotz gëtt normalerweis an nëmmen engem Dag bei engem duerchschnëttlechen Eefamilljenhaus gemaach, och wann et vill knaschteg ass.

ASS ENG STEE FIR D'FASSADEBOTZ NÉIDEG?

Eng deier an opwenneg Stee ass bei TAFF net néideg. TAFF botzt mat engem speziellen, eelef Meter laange Lanzesystem oder mat sengem eegene Lift “Leo”.

ASS D'FASSADEBOTZ SÉCHER FIR D'ËMWELT AN D'GESONDHEET?

TAFF benotzt nëmmen zertifizéiert TAFF Green Apple Produkter déi fir déi entspriechend Notzung guttgeheescht an iwwer vill Joeren positiv getest goufen. E patentéierte Sammelbaseng an High-Tech Ofwaasser-Behandlungssystemer gi vun TAFF benotzt. D’knaschtegt Waasser gëtt op der Plaz gekläert, gefiltert an nei benotzt. Den TAFF Botzprozess ass dofir harmlos a spuert Ressourcen.

Wéi eng Fassade kënne gebotzt ginn?

TAFF Botzservice botzt isoléiert Fassaden (Konschtharz, Silikat oder Mineralputz), Klinkerfassaden, Natur- a Sandsteefassaden a méi. TAFF freet sech op Är Erausfuerderung!

Wéivill muss ech an D'Fassadebotz investéieren?

Eng Fassadebotz vun TAFF ass vill méi bëlleg wéi en neien Ustrach. Déi genee Käschte hänke vu verschiddene Faktoren of, wéi d’Zuel vun de Quadratmeter, de Verschmotzungsgrad, de Besoin fir e Lift, asw. Mir géifen gären d’Fassad(en) op der Plaz kucken an Iech eis bescht Offer fir eng TAFF Fassadebotz maachen. Schreift eis eng Mail op info@taff.lu oder rufft eis un um +352 283 862-62. Mir freeën eis op Iech!

Schéckt eis Är Ufro!

Mir wieren frou Iech ze begeeschteren!

TAFF S.à r.l.
6, rue des Promenades
L-6314 Beaufort
E-Mail: info@taff.lu
Tel.: +352 283 862-62

Büroszäiten:
méindes - freides 7 - 18 Auer
samschdes no Arrangement
Produkt
Datenschutz

ELO
GEWERBLECH ODER
ALS ENG GEMENG

Kontakt ophuelen

SCHÉCKT EIS

ÄR UFRO

ELO

BROSCHÜR

UFROEN

100% gratis an onverbindlech.

ELO

GRATIS TESTFLÄCH

UFROEN

100% gratis an onverbindlech.