WANDWERK & TAFF op der Agricole 2025 –
Besicht eis zu Ettelbréck!

Vum 4. bis den 6. Juli fannt Dir eis op der Foire Agricole zu Ettelbréck, Block 1.07 – an dëst Joer hu mir richteg Innovatiounen am Gepäck!

WAT ERWAART IECH?

Zesumme mat eisem Partner TAFF Botzservice, – dem Spezialist fir professionell Botz vun Fassaden, Terrassen, Diech, Solar a mei – stellen mir vir:

    FUNDERMAX FASSADEN

    Eng Fassad ass net nëmmen déi äusserst Schicht vun engem Gebai – si ass Ausdrock vun Ärem Stil, Schutz fir d’Struktur an en Deel vum Liewensgefill, dat Äert Doheem ausmécht. Bei WANDWERK vertrauen mir op Fundermax, wann et ëm héichwäerteg, langlebeg a visuell beandrockend Fassadeléisunge geet. Wat dës Materialie sou besonnesch mécht, léisst sech am Beschten net nëmme beschreiwen – mee live erliewen.

    KERAMIK TERRASSEN

    Eng Terrass ass méi wéi just eng Fläch – si ass eng Verlängerung vum Wunnraum, eng Invitatioun no baussen, e Plaz fir Rou, Genoss a Gesellegkeet. Bei WANDWERK schaffe mir mat héichwäertege Keramikbeläg, déi dës Momenter net nëmmen visuell verschéineren, mee wäit méi komfortabel an haltbar maachen, wéi vill Leit sech virstellen.

    TAFF•E

    Eis Botzmethode mat Botzungsroboter suergt fir eng ganz schounend Botzung mat purem Waasser, fir sécherzestellen, dass Dir erëm déi maximal Stroumerzeugung erreecht. Dat ass net nëmme gutt fir d'Ëmwelt, mee och fir Äre Portmonni.

    TAFF-e-02

    TAFFDRONE

    Eis Botzdrone schafft präzis an effizient, erreecht och schwéier zougänglech Plazen a schount dobäi d’Ëmwelt. Sou spuert Dir Zäit, Suen a Méi an erhaalt gläichzäiteg e makellost Resultat. Stellt Iech vir, wéi Är Fassad erëm a neiem Glanz erstraalt. Mat eiser Fassadebotzung per Botzdrone ass dat méi einfach wéi jee ze erreechen. Frot nach haut eng gratis an onverbindlech Offert un a loosst Iech vun eise Experten beroden.

GEWANNT E REESBONG
AMWÄERT VUN 2.000 €!

Kommt laanscht, spillt mat – a vläicht gehéiert Är nächst Vakanz Iech!

Dat – a villes méi – erwaart Iech op eisem Stand op der Agricole.
Mir weisen Iech, wéi modern Technik a traditionellt Handwierk Hand an Hand ginn.

Mir freeën eis op Iech!

Méi iwwer d’Agricole an Online-Tickets fannt dir hei.

MÉI DORIWWER

JETZT

GRATIS TESTFLÄCHE

SICHERN

100% kostenfrei und unverbindlich.